D’Brasserie „Schräinerei“ wuer tatsächlech fréier d’ARBED-Schräinerei zu Déifferdeng. Dir fannt se am Creativity Hub „1535“ an der rue Emile Mark am Zentrum vun Déifferdeng. Hei soll e kulturellen a sozialen Austausch tëscht Generatiounen entstoen: Kënschtler, Locataire vum Site an déi Leit, déi just e Patt wëllen drénke kommen oder eppes iesse kommen. All Sonndeg proposéieren mir eisen Sunday Brunch Buffet fir déi ganz Famill. De roude Fuedem an der „Schräinerei“ ass e wöchentlechen, ofwiesslungsräiche kulturelle Programm, wou mir mat lokalen, nationalen an internationalen Artisten zesummeschaffen. D’Séil vun der Brasserie sollen nierwt sengem Industrie-Chic och seng Leit sinn: Op elo e Kaffi am Zeitungseck, e gemittlecht Iessen op der Mezzanine, oder eng spontan Jam-Session op eiser klenger Bühn, et gëtt näicht wat et net gëtt!
| Lundi | Fermé |
| Mardi | Fermé |
| Mercredi | 12:00–13:45, 18:00–21:45 |
| Jeudi | 12:00–13:45, 18:00–21:45 |
| Vendredi | 12:00–13:45, 18:00–21:45 |
| Samedi | 12:00–13:45, 18:00–21:45 |
| Dimanche | 18:00–21:30 |